Jonk Handwierk Lëtzebuerg
Jonk Handwierk ass eng Austauschplattform fir jonk Entrepreneuren an Entrepreneusen am Handwierk an ass un d’Fédération des Artisans ugeschloss.
Jonk Handwierk huet als Missioun, d’Handwierksberuffer ze fërderen, andeems si sech fir d’Interessen an d’Besoine vun de jonken Handwierker asetzt an gläichzäiteg jonk Leit ënnerstëtzt a beréit, déi sech am Handwierk selbststänneg maache wëllen.
D’Plattform huet och als Zil, den interdisziplinären Austausch ze fërderen, sech mat de wirtschaftlechen a gesellschaftlechen Erausfuerderunge vun haut a muer auserneenzesetzen, sech fir eng héichwäerteg Ausbildung anzesetzen an eng modern Betribskultur ze stäerken.

