Lieu
5, rue Kalchesbruck, L-1852 Lëtzebuerg - 5, rue Kalchesbruck, L-1852 Lëtzebuerg
An der Zäit vum Baucongé geet d’Jonk Handwierk dann op d’Kalchesbréck hannert d’Kulisse vum 1.200 m² Showroom vu Maroldt & De Kameinbauer kucken.
Maroldt ass e Familljebetrib, mat Wuerzele bis an d’Joer 1902, deen zanter méi wéi engem Joerhonnert säin handwierkleche Knowhow weidergëtt. Haut schafft schonn déi 5. Generatioun – Papp, Bouf an Duechter – Hand an Hand zesummen.
Si si spezialiséiert op komplett Buedzëmmerléisungen an offréieren eng grouss Auswiel u Plättercher, Sanitär, Baumaterial, Wellnessprodukter, Dieren, Parkett, Baumaterialien an alles fir den Ausseberäich.
D’Stäerkte vum 150 Mann Betrib leien an engem perséinleche Service vun A bis Z, engem kompetente Berodungsteam, an enger Equipe vu qualifizéierten Handwierker, déi jiddwer Projet mat Präzisioun ëmsetzen.
De Kameinbauer bréngt säit 1992 Feier an d’Haus: individuell Kamäiner, Holz-, Pellet-, Gaz- an Elektroiewen, souwéi Grillsystemer an Installatiounen op Mooss. Mat Joerzéngten Erfarung am Beräich, bitt De Kameinbauer individuell Léisungen vun A bis Z: agebauten Kameiner, Pizzaiewen an Outdoor Kitchen.
D’Team vun 12 spezialiséierte Mataarbechter deckt alles of: vun der Planung iwwert d’Installatioun bis zum Service après Vente.
A well kee Baucongé komplett ass ouni e gudde Barbecue: No der Visitt gëtt vis-à-vis op der Terrasse vum Elephant Rouge gegrillt! ???