Familljendag vum JONK HANDWIERK

blocX
Catégorie
JHL Events
Date
2026-04-25 10:00
Lieu
Bloc-X, 41 Rue de Belval, 4024 Esch-Uelzecht - Bloc-X, 41 Rue de Belval, 4024 Esch-Uelzecht
Mir invitéieren Iech häerzlech op eise Familljendag am Bloc-X. Kommt laanscht a verbréngt zesummen als Famill a mat Kolleegen a Frënn e flotte, sportlechen an Adrenalin geluedenen Dag. Mir hunn Accès zu dem Boulderen an dem Ninja Parcours a si vun de Kolleege vum Bloc-X encadréiert. Iwwert Mëttesstonn kenne mer bei hinnen am Local eppes zesummen iessen. Et ass déi perfekt Geleeënheet fir zesummen Zäit ze verbréngen, Spaass ze hunn an aktiv ze sinn. ? Plaz: Bloc-X, 41 Rue de Belval, 4024 Esch-Uelzecht ?25.04.2026 Ufank: 10:00 Auer Mir freeën eis op Iech an Är ganz Famill! ?
 
 

Toutes les dates

  • 2026-04-25 10:00