Start
19/09/2026 07:56
End
20/09/2026 22:56
Address
Brouwersstraat 17, 17 Brouwersstraat, Maasbracht
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
Den 19. & 20. September organiséiere mir eng Studierees an Holland.
Eis grouss Visitt ass des Kéier bei Linssen Yachten zu Maasbracht. Linssen Yachten si spezialiséiert op de Bau, d'Renovatioun an den Ënnerhalt vu Yachten. Mir kréien en interessante Bléck hannert d'Kulissen a gesinn, wéi vill Handwierk, Know-how a Präzisioun an esou Projete stiechen.
Am Nomëtte gi mir an e Surfcamp zu Thorn a probéieren eis un eFoiling, eng Zort elektresch motoriséiert Surfbriet dat iwwert dem Waasser ze schwiewe schéngt.
Vir de Sonnden ass e Besuch an der historescher Aalstaat vu Roermond geplangt mat Sightseeing, Shopping oder Pubcrawl, jee no wat dir Loscht hutt.
Nieft der Visitt ass et natierlech och ëmmer eng flott Geleeënheet, fir sech ënnereneen auszetauschen an e gemittleche Moment zesummen ze verbréngen
Mellt Iech am beschte fréi genuch un, dat mir d’Iwwernuechtung organiséiere kennen.