Visite Textil Drock Lëtzebuerg
Start
12/11/2026 18:00
End
12/11/2026 23:00
Address
Informatiounen
Kuckt hannert d'Kulissen a kritt en exklusive Bléck an d'Atelieren an d'Produktioun vun *Textil Drock Lëtzebuerg*, engem vun de wéinegen Textildrock- a Broderiebetriber zu Lëtzebuerg. Déi jonk an dynamesch Firma gouf 2021 gegrënnt a steet haut fir héichwäerteg, personaliséiert Kleeder an Textilien. Mat vill Leidenschaft, engem Fokus op Qualitéit an Nohaltegkeet souwéi *Made in Luxembourg* gëtt hei all Dag mat vill Sorgfalt produzéiert. Während der Visitt entdeckt Dir d'Geschicht vun der Firma, léiert d'Maschinnen an d'Produktiounsprozesser kennen a gitt gewuer, wéi aus enger Iddi e fäerdegt personaliséiert Kleedungsstéck entsteet. Zum Ofschloss kënnt Dir dann och selwer kreativ ginn: An engem klenge Workshop hutt Dir d'Méiglechkeet, mat unzepaken an Äert eegent Kleedungsstéck ze personaliséieren – e flotte Souvenir, deen Dir mat heem huele kënnt.
