Visite I Textil Drock Lëtzebuerg
Catégorie
JHL Events
Date
2026-11-12 18:00
Lieu
14 rue d’Emerange 5692 Elvange - 14 rue d’Emerange 5692 Elvange
Kuckt hannert d'Kulissen a kritt en exklusive Bléck an d'Atelieren an d'Produktioun vun *Textil Drock Lëtzebuerg*, engem vun de wéinegen Textildrock- a Broderiebetriber zu Lëtzebuerg.
Déi jonk an dynamesch Firma gouf 2021 gegrënnt a steet haut fir héichwäerteg, personaliséiert Kleeder an Textilien. Mat vill Leidenschaft, engem Fokus op Qualitéit an Nohaltegkeet souwéi *Made in Luxembourg* gëtt hei all Dag mat vill Sorgfalt produzéiert.
Während der Visitt entdeckt Dir d'Geschicht vun der Firma, léiert d'Maschinnen an d'Produktiounsprozesser kennen a gitt gewuer, wéi aus enger Iddi e fäerdegt personaliséiert Kleedungsstéck entsteet.
Zum Ofschloss kënnt Dir dann och selwer kreativ ginn: An engem klenge Workshop hutt Dir d'Méiglechkeet, mat unzepaken an Äert eegent Kleedungsstéck ze personaliséieren – e flotte Souvenir, deen Dir mat heem huele kënnt.
Toutes les dates
- 2026-11-12 18:00


